Buergbrennen 2012
E Samschdeg den Owend organiséiere mir eist traditionellt Buergbrennen, mä opgepasst et ass op enger neier Plaatz: um Parking vum Centre “Al Schmelz”. Moies a Mëttes kommen eis Wëllefcher an AvEx eng Quête duerch Stengefort maachen.
Hei de Programm:
Vun 19 Auer un suergen d’Guiden a Scoute fir Iessen a Gedrénks.
19.30 Auer: Fakelzuch bei d’Buerg. Rendez-vous op der Gemenge Plaatz (Square Patton).
19.45 Auer: D’Buerg gëtt ugefaang (Parking “Al Schmelz”)
An engem gehëtzten Ënnerstand kennt Dir Iech eis Zoppen a Gegrilltes gutt schmaache loossen, an de Glühwäin däerf och nit feelen.
Buergbrennen 2012
Op Buergsamsdeg, de 25. Februar, brenne mir eis Buerg.
De 14. Januar sammele mir zu Stengefort déi al Chrëschtbeemercher. Dës ginn op der Buerg verbrannt. Let Äre Chrëschtbeemchen dofir w.e.g. virun 9:00 op den Trottoir.
Mir wëllen Ierch dorop hiweisen, dass mir soss ke Brennes unhuelen a frou wieren, wa keent ging op d’Plaatz getippt ginn. Dir kënnt Hecken- a Beemschnëtt gratis bei där aler Kompostanalag tëscht Mamer a Kielen ofginn. Aal Miwwele kënne gratis um Recyclingzenter vum Sica an der Zone industrielle zu Kielen ofgi ginn. Weider Informatioune fannt dir op www.sica.lu.
Haupesch Mass
E Sonnden de Moien feieren d’Guiden an d’Scouten St. Hubert Ste Bernadette hiere Patréiner, de St. Hubert, an der Kiermesmass zu Stengefort.
Jiddereen ass häerzlech invitéiert do matzefeieren, kommt alleguer!
D’Guiden an d’Scouten dinn hier Uniform an hiere Foulard un. Si treffe sech um 9:30 Auer an der Kierch zu Stengefort.
Gebrauchten Uniformen
De Max gouf Chef vun der Woch, well hien dem Jojo seng al Uniform géint en Akafsbong vum Shop getosch huet.
Eng Uniform hällt laang an oft wiest en draus eraus. Maacht och dir e gudde Geste, drot är al Uniformen an de Shop. Do kritt dir en Akaftsbong fir 15€. Dës Uniform get da wann se kontrolléiert ginn ass am Shop als Second Hand Uniform fir 20€ verkaf. Dëst soll et Leit mat manner finanzielle Mëttelen erméiglechen fir wéineg Geld zu enger gudder Unfiorm ze kommen.
Natierlech ass och en Echange um Niveau vum Grupp erwënscht. Wa Guiden/Scouten oder Elteren ënnert sech eenz ginn, fir eng Uniform ze veriewen, spuert dëst denen zwou Familjen de Wee an d’Géisserei.
Verdéngschtofzeechen fir eise Gruppechef
Um Kongress vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten krut eise Gruppechef, de Vic Wester, d’Verdéngschtofzeechen a sëlwer vun den LGS iwwerreegt.
Liest hei den Artikel op mywort http://mywort.lu/steinfort/11730821.html.
Op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse MERCI vu sengem Grupp.
Merci Vic an all eis Félicitatiounen.
Guiden a Scoutskirmes den 19. Juni 2011
Trotz dem schlechte Wieder wor eis traditionell Guiden a Scoutskirmes erëm en groussen Erfolleg. No engem laangem Aperitif engem super knuspereschem Schwäin oder enger gudder Bouchée à la Reine engem genialen Konzert vum Middlife Chris gouf et zum Schluss och nach eng gutt Kachkéis Schmier.
Hei nach puer Fotoen vun dem Evenement. Mir hoffen et huet Iech gefall an dass mer Iech all nächst Joer kënnen erëm gesinn.









